LOURDESGROTTEN
HEI ZU LËTZEBUERG

De Pilgerbüro, zesumme mat de Foulards Blancs, huet och am zweete Corona-Joer dovun ofgesinn, fir am Summer eng diözesan Wallfaart op Lourdes ze organiséieren.
Am Kader vu „Lourdes heiheem“ 2021 invitéiere mir Iech dofir, d’Lourdes-Grotten hei zu Lëtzebuerg nei ze entdecken, opzesichen oder och nei ze beliewen. Vläicht hutt Dir och selwer eng Lourdes-Grott? An ärem Gaart oder ärem Duerf, op enger schéiner Plaz, déi dir kennt a wou Mënsche biede kënnen?
Fir ville Leit eng Freed ze machen an hinnen eng Méiglechkeet ze ginn, fir aner Lourdes-Grotten am Land kennen ze léieren, froe mir Iech, eis är schéinste Fotoe vun de Lourdes-Grotten aus dem Lëtzebuerger Land ze schécken. Är Fotoe ginn dann um Internetsite „cathol.lu“ publiziert. Dekoréiert är Lourdesgrotten, verschéinert se mat Blummen a loosst eis dorun Deel huelen! Luet är Foto hei erop, schreift ären Numm dobäi an och wou d’Grott ze fannen ass. Wann d’Grott net ëffentlech zougänglech ass, schreift den Numm vun der Uertschaft/Plaz wgl. net dobäi.
Merci fir d’Matmaachen!
D’Ekipp aus dem Pilgerbüro
Glisser-déposer les fichiers ici ou parcourir