Begéinung, déi alles op d’Kopp geheit

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Milly Hellers (26. Abrëll 2021)

Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas (1,26-38)

Im sechsten Monat wurde der Engel Gabriel von Gott in eine Stadt in Galiläa namens Nazareth zu einer Jungfrau gesandt. Sie war mit einem Mann namens Josef verlobt, der aus dem Haus David stammte. Der Name der Jungfrau war Maria.

Der Engel trat bei ihr ein und sagte: Sei gegrüßt, du Begnadete, der Herr ist mit dir. Sie erschrak über die Anrede und überlegte, was dieser Gruß zu bedeuten habe. Da sagte der Engel zu ihr: Fürchte dich nicht, Maria; denn du hast bei Gott Gnade gefunden. Siehe, du wirst schwanger werden und einen Sohn wirst du gebären; dem sollst du den Namen Jesus geben. Er wird groß sein und Sohn des Höchsten genannt werden. Gott, der Herr, wird ihm den Thron seines Vaters David geben. Er wird über das Haus Jakob in Ewigkeit herrschen und seine Herrschaft wird kein Ende haben.

Maria sagte zu dem Engel: Wie soll das geschehen, da ich keinen Mann erkenne? Der Engel antwortete ihr: Heiliger Geist wird über dich kommen und Kraft des Höchsten wird dich überschatten. Deshalb wird auch das Kind heilig und Sohn Gottes genannt werden. Siehe, auch Elisabet, deine Verwandte, hat noch in ihrem Alter einen Sohn empfangen; obwohl sie als unfruchtbar gilt, ist sie schon im sechsten Monat. Denn für Gott ist nichts unmöglich.

Da sagte Maria: Siehe, ich bin die Magd des Herrn; mir geschehe, wie du es gesagt hast. Danach verließ sie der Engel.

 

Léiwen Här Äerzbeschof / Weibëschof, léif Kolleegen a Kolleeginnen,
léif Leit alleguer, hei an der Kathedral an déi dir doheem iwwert de Fernsee oder Internet mat äis verbonne sidd,

Op eemol war alles anescht!

Dat ass d’Thema dat ech – an Ofsprooch mat den diözesane Responsabel – fir dës Oktav proposéieren. Mir all hu bestëmmt scho Situatiounen oder Begéinungen erlieft, déi eist Liewe verännert hunn.

Dat war villäicht bei der Begéinung vun der grousser Léift, d’Ufro zum Bestiednes vum Partner, bei der Gebuert vun engem Kand, een neie Start am Beruff. Oder bei schmäerzvollen Erfarunge vu Krankheet an Doud, wéi elo an der Pandemie, wou et weltwäit ville Mënschen un d’Existenz geet an net méi ze iwwersinn ass, wéi an der globaliséierter Welt alles zesummenhänkt… Wann di sanitär Kris eng wirtschaftlech an domat eng sozial Kriis schaaft – an och di ökologesch net méi ze leegnen ass. An och Kierch a Pastoral erliewen en Ëmbroch. Op eemol ass alles anescht.

Léif Leit, ass et net esou, dass esou Erfarungen, an di domat verbonnen Erkenntnisser, besonnesch dann, wann si d’Häerz beréieren – no bausse villäicht wéineg – awer no bannen alles veränneren? A verännere se dann net och eis selwer, eis Iwwerleeungen, Relatiounen a Prioritéiten…?

Eise chrëschtleche Glawen, deen d’Bibel als Fundament huet, ass fundéiert op Begéinungen a Relatiounen. D’Teresa vun Avila, Autorin, Uerdensgrënnerin a Kirchenlehrerin aus dem 16. Joerhonnert, beschreift et esou: „Mir gleewen net un eppes, mee mir gleewen un EEN, deen ëmmer bei eis ass, mat deem mir gär zesumme sinn, deem mir alles kënnen erzielen, well mir wëssen, dass hie frou mat eis ass.“

Ass dat net ee schéint Gottesbild? Glawen – eng perséinlech Relatioun! Mir gleewen un en Härgott, deen no eis verlaangert, an deem säi Jong, de Jesus, als Mënsch duerch d’Héichten an Déifte vum Liewe gaangen ass – wéi mir!

An de kommende 14 Deeg, wéilt ech an all Andacht eng neitestamentlech Begéinung ënnert dësem Bléck betruechten: Op eemol war alles anescht – Begéinung, déi d’Liewe verännert – a probéieren dës Erfarunge vun den éischte Jünger a Jüngerinne vum Jesus a Relatioun ze brénge mat eisem Liewen, fir eis Relatioun mam Jesus ze stäerken. An der Hoffnung, dass dat ka geléngen, vertrauen ech der Tréischterin dëst Uleies un, an och all di Mënschen, di op der Sich sinn.

D’Thema vun haut ass: Begéinung, déi alles op d’Kopp geheit. Den Text, dee mir elo grad héieren hunn, ass dee vun der Verkënnegung vum Engel Gabriel un d’Maria. Esou eng biblesch Erzielung, dat wësse mir, ass keen historesche Bericht – mee een Temoignage, an domat wi ee Verspriechen un d’Mënschheet.

Hiert Heemechtsland Israel war vun de Réimer besat. Wéi vill Mensche verlaangert och si bestëmmt nom Enn vun dëser friemer Ausbeutung, an hofft, dass endlech deen zanter Joren ugekënnegten Erléiser kënnt. Villäicht war grad dës Sehnsucht ee wichtegt d’Thema an hirem Gebiet.

Hei erlaben ech mir eng kleng Klammer. Zanter méi wéi 350 Joer feiere mir hei zu Lëtzebuerg d’Oktav. Mir wëssen et, mee et ass gutt et sech ëmmer nees nei bewosst ze maachen. Och d’Oktav huet hiren Ursprong an enger Situatioun, déi alles op d’Kopp gehäit huet – Krich, Honger a Pandemie – d’Pescht.

Am deemolege Lëtzebuerg hunn dës Katastrophen dausende Mënschen hiert Liewen zerstéiert. Wéi d’Maria virun 2000 Joer hu bestëmmt och eis Virfahren, nom Enn vun deem Desaster an no Normalitéit verlaangert.

De Jesuittepater Jacques Brocquart, dee selwer krank gouf, war betraff vum Misär vun de Leit. Mat de Studente vum deemolege Kolléisch, hei nieft der Kathedral, huet hien eng Statu vun der Tréischterin vun der Glaciskapell hei an di deemoleg Nikloskierch gedroen. Ee symbolesche Gest, fir dem Jesus senger Mamm dëst grousst Leed vun de Mënschen unzevertrauen.

Domat wollt hien eise Virfahren Trouscht a Gewëssheet vermëttelen, dass si net eleng sinn. Eng Begéinung déi no bausse villäicht kee Wonner gewierkt, mee no banne bis haut Kraaft an Hoffnung schenkt. Soss hätt dës Traditioun et ganz sécher net bis an d’21. Joerhonnert gepackt. Vielläicht bréichte mir haut och nees een „neie Jacques Brocquart“. – Klammer zou.

An engem Lidd heescht et: „Alles beginnt mit der Sehnsucht, am Anfang steht immer ein Traum“. Sehnsucht! No wat verlaangere mir, wa mir mat eiser Ohnmacht konfrontéiert ginn, ee schmäerzvolle Vide mussen zouzeloossen – lasszeloossen a spieren, dass mir nei Weeër musse woen?

Maria an de Jousef, eng jonk Koppel, hunn och esou eng Erfarung gemaach, déi hir Pläng – an domatt hiert ganzt Liewen – op d’Kopp gehäit huet.

Maria a Jousef ware verloobt. Hiert Land war vu friemer Herrschaft besat. No wat hunn di zwee wuel verlaangert? Villäicht wollte si eng Famill grënnen… Maria war doheem, am gewéinlechen Alldag, wéi den Engel Gabriel si opgesicht huet. Den Engel, kënnt onerwaart, onugemellt an hiert Liewen a seet hir – ech soen et mat menge Wierder:

„Maria, fäert net – den Härgott ass frou mat Dir.
HIEN huet Dech erwielt – Du wäerts ee Puppelche kréien.“

Maria erféiert! Ee Puppelche kréien? Wonnerschéin – awer – net ugemellt? Net geplangt? A wien ass de Papp? – si waren dach net bestuet!

An hirem Liewe gëtt mat dëser Begéinung alles op d’Kopp gehäit. Awer di jonk Fra ass couragéiert. Si schléckt net einfach. Si traut sech, di richteg Fro ze stellen: „Wéi soll dat da geschéien?“

Maria versteet net alles, awer si vertraut an – si seet JO. Si léisst sech vum Härgott stéieren an erlaabt him, an hiert Liewen eran ze kommen.

Net bestuet sinn – a schwanger ginn. An der deemoleger Kultur fir eng Fra ondenkbar. Wéi de Jousef dat gewuer gouf, war hien dach bestëmmt zudéifst erschüttert… Vun engem Moment zum anere war hire gemeinsame Liewensprojet futti. Diskret wollt hien d’Relatioun ofbriechen, wat ee jo ka verstoen – oder? Wat hätte mir gemaach?

Awer den Härgott léisst di zwee net am Reen stoen. Am Dram seet den Engel zum Jousef: „Bleif beim Maria. Hat brauch Dech – an d’Kand och.“ An – OCH de Jousef léisst sech a senge Pläng stéieren.

Et war dëst den Ufank vun engem neie Wee fir di jonk Koppel an dank hirer, fir di ganz Mënschheet. Mir wëssen haut, wéi d’Geschicht weider goung. Nach 2000 Joer duerno ginn dës Wierder op der ganzer Welt verkënnegt.

Wat wier geschitt, wa Maria an och deJousef un hire Pläng festgehalen – an nee gesot hätten? Dann hätt sech den Härgott eng aner missen afale loossen…

Villäicht hunn och mir schon di Erfarung vu grousser Sehnsucht gemaach, wou awer d’Äntwert op dat déift Verlaangeren eng aner war, déi da munches verännert huet. Grad ewéi d’Maria an de Jousef hu villäicht och mir Situatiounen oder Begéinungen erlieft, déi eist Liewe gestéiert – jo total op d’Kopp gehäit hunn – am Schéinen – awer munchmol och am Schwéieren an awer gespuert – Dëst ass dee richtege Wee.

Zum Ofschloss wéilt ech invitéieren, dass mir am perséinleche Gebiet, begleet vu meditativer Uergelmusek, dës

  • Begéinungen an Ëmstänn, di eist Liewen onerwaart verännert hunn,
  • an di domat verbonne Freed, Dankbarkeet
  • awer och Suergen an Ängschten der Tréischterin uvertrauen.

Stëllt – kuerz meditativ Uergelmusek

Helleg Maria, Mamm vum Jesus, Tréischterin am Leed, am Glaawen a mat vill Vertraue bass Du Däi Wee gaangen, dee voller Iwwerraschunge war. Biet fir eis, dass och mir vertrauen, an eis am perséinlechen a kierchlechen Alldag vum Härgott iwwerraschen a stéiere loossen – haut an all Dag vun eisem Liewen. Amen.

     

     

     

           

© Archevêché de Luxembourg - Commission diocésaine de l'Octave.
Tous droits réservés.