2021 - EN ALTERNATIVT MEDIEN- A BICHERZELT 
vun der Erwuessebildung 

Wärend der Oktav, an doriwwer eraus, bitt d'ErwuesseBildung Iech online eng kleng, awer reng Selektioun vu Bicher a Filmer fir Grouss a Kleng un, ausgewielt vun den haaptamtlechen a benevolle Mataarbechter vun der ErwuesseBildung. Eis "COUPS DE COEUR".

Een Deel vun dëser Auswiel fannt Dir an eisem Bulletin an en aneren Deel gëtt am Luxemburger Wort virgestallt.

Dir kennt eist Bicherzelt net?

Normalerweis fannt Dir d'Bicherzelt vun der ErwuesseBildung am Bannenhaff vun der Kathedral, wou mir zënter Joerzéngte wärend der Oktav eng grouss Selektioun vu Bicher an anere Medie fir Grouss a Kleng ubidden. Mee dëst Joër ass neess alles anescht! Mee d'Bicherzelt ass och dëst Joër leider nët do!

Kuckt an eis alternatiivt "Online-Bicherzelt" :

Bicher a Filmer fir Kanner a Jugendlecher: https://www.ewb.lu/bicherzelt/bicherzelt-2021-books-children

Bicher fir Erwuessener: https://www.ewb.lu/bicherzelt/bicherzelt-2021-books-adults

Bestellunge vu Filmer a Bicher kënnt Dir opginn:

  • online op eiser Websäit
  • oder iwwert eis Email : Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.
  • oder iwwert den Telefon 44 743-340 vu méindes bis freides vun 13-17 Auer

Oder Dir kommt bei eis an d'ErwuesseBildung (Centre Convict, 5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg).

Hei fannt Dir och nach vill aner interessant Bicher a Filmer.

Mir beroden Iech gären a freeën eis op Iech!

https://www.ewb.lu/bicherzelt/bicherzelt-2021

Leider wäert d’Oktav 2021 ënnert spezielle Bedingunge stattfannen:

Begrenzte Pilgerzuel an der Kathedral, Limitten a Restriktiounen, déi villes net méiglech maachen. An dach kann dat d‘Pilger net ophalen, och dann net, wann d’Bicherzelt vun der ErwuesseBildung 2021 nach eng Kéier eng „Covid-Paus“ maache muss.

Duerfir huet e klenge Grupp seng Käpp zesumme gestreckt an e puer interessant Alternative geplangt.

Tëscht dem 24. Abrëll an dem 9. Mee 2021 wäerte mir Iech duerfir e klengen Online-Programm ubidden, zu deem mir Iech elo schonn alueden:

·      Bicherpresentatiounen am Online-Bicherzelt

·      Interreliéis Gespréichsronn mam Groussrabbiner, engem Immam, engem Vertrieder vun de protestanesche Kierchen a mam Kardinol Jean-Claude Hollerich

·      Online-Elterecafé zum Theema „Relioun a Spiritualitéit an der Famill“

·      „Op eemol war alles anescht!“ – En Diskussiounsowend a Pandemiezäiten iwwert d‘Oktavtheema  

ALL DETAILER FANNT DIR DEEMNÄCHST OP WWW.OCTAVE.LU ODER WWW.EWB.LU

Mir freeën eis op Iech!

ErwuesseBildung, Centre de formation diocésain Jean XXIII (CFD), Oktavkommissioun

ONLINE-ELTERECAFÉ AN DER ERWUESSEBILDUNG - OKTAV 2021

RELIOUN A SPIRITUALITÉIT AN DER FAMILL - ENG ORIENTÉIERUNG, WANN „OP EEMOL ALLES ANESCHT ASS“?

An eisem online-Elterecafé am Kader vun der Oktav 2021 gëtt sech dës Kéier driwwer ausgetosch, wat sech alles ännert, wa sech Nowuess an enger Famill ukënnegt. Wat ännert sech am sozialen Ëmfeld, op der Aarbecht, doheem an der Koppel an an der Famill. Et ass fir all Bedeelegt net ëmmer einfach.

Wou kann een als Famill Ënnerstëtzung an Halt fannen?

Hei ginn 2 flott Projete virgestallt, wou ee Gemeinschaft fënnt, Austausch an Ënnerstëtzung, och wann et ëm Froe ronderëm déi reliéis an spirituell Erzéiung vun de Kanner geet.

UN DER DISKUSSIOUN SI BEDEELEGT:

Ingrid SCHOLZEN, Agente pastorale zu Ëlwen, Wolz a Wëntger, Grënnerin vum Babykrees
Michèle HILGER, Lëtzebuerger Guiden a Scouten,
Responsabel fir «Spiri fir Kids»
Guy LUX, Papp vun 2 Kanner
Danielle MERTES, ErwuesseBildung – Referentin fir Kanner- a Jugendliteratur a Liesfërderung

     

     

     

           

© Archevêché de Luxembourg - Commission diocésaine de l'Octave.
Tous droits réservés.