Begéinung, déi Entscheedunge fuerdert

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Milly Hellers (30. Abrëll 2021)

Aus dem heiligen Evangelium nach Markus (10,17-23)

Als sich Jesus wieder auf den Weg machte, lief ein Mann auf ihn zu, fiel vor ihm auf die Knie und fragte ihn: Guter Meister, was muss ich tun, um das ewige Leben zu erben?

Jesus antwortete: Warum nennst du mich gut? Niemand ist gut außer der eine Gott. Du kennst doch die Gebote: Du sollst nicht töten, du sollst nicht die Ehe brechen, du sollst nicht stehlen, du sollst nicht falsch aussagen, du sollst keinen Raub begehen; ehre deinen Vater und deine Mutter!

Er erwiderte ihm: Meister, alle diese Gebote habe ich von Jugend an befolgt.

Da sah ihn Jesus an, umarmte ihn und sagte: Eines fehlt dir noch: Geh, verkaufe, was du hast, gib es den Armen und du wirst einen Schatz im Himmel haben; dann komm und folge mir nach!

Der Mann aber war betrübt, als er das hörte, und ging traurig weg; denn er hatte ein großes Vermögen.

Da sah Jesus seine Jünger an und sagte zu ihnen: Wie schwer ist es für Menschen, die viel besitzen, in das Reich Gottes zu kommen!

Léiwen Här Äerzbeschof / Weibëschof, léif Kolleegen a Kolleeginnen,
léif Leit alleguer, hei an der Kathedral an déi dir doheem iwwert de Fernsee oder Internet mat äis verbonne sidd,

D’Thema vun haut ass „Begéinung, déi Entscheedunge fuerdert“.

Mir all hunn eis bestëmmt schon emol d’Fro gestallt – wat geschitt, wa mir stierwen – wa mir eist Liewen – jo ALLES musse lassloossen? Wie sinn ech da virum Härgott? Wann haut mäi leschten Dag wier, wat wéilt, misst ech maachen, soen…? D’Evangelium an d’Léier vun der Kierch ginn eis Äntwerten, déi Hoffnung ginn – mee… d’Fro bleift.

Am Evangelium begéine mir engem Mann, deen de Jesus opsicht mat enger änlecher Fro: „Wat MUSS ech maachen, fir dat éiwegt Liewen ze gewannen?“

E puer Wuert zum biblesche Kontext: De Jesus war um Wee op Jerusalem. Vill Mënschen hunn hien opgesicht. Elteren hunn hir Kanner bei hie bruecht a gefrot, dass hien se soll seenen. Dat huet seng Jünger gestéiert a si hunn d’Eltere mat de Kanner nees fortgeschéckt. Seng Jünger haten näischt bekäppt. De Jesus huet hinnen doropshi widdersprach an d’Kanner, déi an der deemoleger Kultur kaum ee Statut haten, ee Virbild genannt. Firwat d‘Kanner? Well Kanner esou ee grousst Vertrauen hunn.

Viru versammelter Gemeinschaft huet de Jesus munchmol zu onkamouten, sozialen a reliéise Froe Kloertext geschwat. Dat war bestëmmt och eng vun den Ursaachen, firwat d’Pharisäer an d’Schrëftgeléierten senger wollte lass ginn. De Jesus wousst dat, an huet senge Jünger net verheemlecht, wat op hien duer kéim. Awer trotz Ängschte virun Ongewëssheet ass de Jesus säi Wee am Vertrauen op säi Papp virugaangen.

Ëm Vertrauen geet et och am Bibeltext vun haut. Ënnerwee op Jerusalem gëtt de Jesus vun engem Mann bal iwwerfall. Dee steet net op der Strooss ze waarden, bis de Jesus bei hie kënnt. Nee – HIE gesäit de Jesus vu Wäitem kommen, leeft him entgéint a geheit sech virun him op d’Knéien. Stelle mir eis di Zeen vir. Dat ass ee staarke Gest.

De Mann hat bestëmmt vum Jesus héieren a war zudéifst beréiert, him elo ze begéinen. Hie knéit um Buedem a stellt dem Jesus DÉI Fro: Ech soen et mat menge Wierder: „Wat muss ech maachen, fir an den Himmel ze kommen?“

Mi spéit am Text gi mir gewuer, dass hie ganz vill Suen hat. Villäicht huet hie gemengt: Mam éiwege Liewen ass et wéi an der Comptabilitéit. Wann ech vill schaffen, da verdéngen ech vill – an dee Boni, dat ass d’Belounung, déi mir zousteet. Ech si generéis, a maachen hei an do en Don – also misst dat jo esou opgoen. Villäicht hat de räiche Mann sech an dësemn Sënn vum Jesus eng Äntwert, jo eng Bestätegung vu senger Strategie erwaart.

Mee – et koum ganz anescht. De Jesus huet de Mann duerchkuckt. Trotzdeem schéckt hien en net heem. Am Géigendeel. Hien hëlt seng Fro eescht an erënnert hien un dat wichtegt Gebot vun der Baarmhäerzegkeet: „Du kenns d’Geboter – du solls Däin Nächste gär hunn, Deng Eltere respektéieren, asw.“ Domat invitéiert hien de Mann – an och eis – zur Relecture vu sengem Alldag, sengem Ëmgank mat deene Mënschen, déi him no stinn.

„All di Geboter befollegen ech – jo – alles dat hunn ech gemaach…“ äntwert de Mann. E bëssen Arroganz oder grouss Naivitéit brauch et scho fir esou ze äntweren. Wéi hätte mir bei esou enger Äntwert him vis-à-vis reagéiert? Geschmunzelt, de Geck gemaach? Hien ëmgebootscht? De Jesus reagéiert anescht. Hie kuckt de Mann mat Léift un – esou heescht et am Markusevangelium, well hie frou mat him ass.

Awer – d’Léift hënnert de Jesus net drun, fir mat deem Mann Kloertext ze schwätzen. Ni huet sech de Jesus ofhängeg maache gelooss vun der Sympathie vun de Leit aus sengem Ëmfeld. Wat huet misse gesot ginn, huet hie gesot – mat Wohlwollen a Respekt – och wann et onkamoud war: „Géi, verkaf Däi Besëtz a gëff d’Suen deenen Aarmen. Da komm a géi mir no.“ Eppes feelt. Dat wat feelt, ass dat, wat hien zevill huet.

Vertrau net dengem Porte-monnaie, mee vertrau dem Härgott, vertrau mir – seet de Jesus. Da bass Du fir ëmmer a gudden Hänn. Villäicht wëllt de Jesus dem Mann – an domat och eis – vermëttelen, dass dat éiwegt Liewen, nimools ee Verdéngscht ka si, mee nëmmen ee Geschenk, dat mir eenzeg an eleng mat eidelen Hänn kënnen empfänken.

Mee, fir dass d’Hänn eidel sinn/ginn, muss ee lassloossen, Vide zouloussen, aushalen, vertrauen… Mir wëssen haut, wéi d’Geschicht weider geet: De räiche Mann geet fort – traureg. Hien hat vill Suen – awer wéineg Vertrauen. Seng Hänn ware voll. Hie konnt net lassloossen…

Trotzdeem ginn dem Jesus seng Wierder a säi Verhalen deem räiche Mann vis-à-vis – och eis Trouscht an Hoffnung.

Sinn net och mir munchmol wéi dee räiche Mann, deen hannert der gëllener Fassad seng ënnerlech Aarmut wonnerbar verstoppt… an ofhängeg ass vu Saachen, Blécker, Titelen, Relatiounen? Huet eis dach besonnesch elo d’Liewensschoul vun der Pandemie do munches bewosst gemaach…

Di eng komme räich op d’Welt, anerer mat net vill. D’Fro bei dëser Begéinung ass net, ob ee vill oder wéineg Besëtz huet. Mee d’Fro ass, wéi eng Plaz dat alles an eisem Liewen anhëlt?

Festhalen, unheefen, säi Liewen, säi Selbstbewosstsinn mat dëser gëllener Fassad identifizéieren – oder awer – lassloossen, deelen ouni säi Selbstwäertgefill vu Besëtz an Image ofhängeg ze maachen.

Geet et eis net och munchmol wéi deem räiche Mann, dass mir spieren, dass mir misste lassloossen? Erënnerungen, Saachen, Gewunnechten, Bezéiungen, Mënschen, eis awer domat ganz schwéier doen?

De räiche Mann ass traureg fortgaangen. Hien huet de Jesus zwar mat Begeeschterung opgesicht, mee hie konnt sengen Erwaardungen net gerecht ginn. Hie konnt net lassloossen, hie konnt net vertrauen.

Wat maache mir? Traue mir eis mat Vertraue lasszeloossen, fir dem Jesus seng Botschaft ze liewen a weiderzeginn?

Musse mir dach alleguer, iergend eng Kéier – fir an dat éiwegt Liewen anzetrieden – alles – lassloossen – an eis dem Härgott sengen Hänn uvertrauen. Dat ass – an dees sinn ech mir selwer ganz bewosst, alles vill méi einfach gesot… wéi gemaach… Den Härgott muss et an eis maachen – eleng kënne mir dat net.

An engem Moment vu Stëllt wëllen och mir eis vum Jesus, dee frou mat eis ass, ukucke loossen, an HIM all dat uvertrauen, wat eis vun HIM – an och munchmol vun aneren trennt. Loosse mir hien ëm seng Hëllef bieden, fir kënne lasszeloossen, wat eiser Relatioun mat him am Wee steet – an eis senger Léift unzevertrauen.

Stëllt

Helleg Maria, Gottesmamm, Tréischterin am Leed – och Du hues Däi Jong misse lassloossen. Hëllef eis op dësem Wee. Amen.

     

     

     

           

© Archevêché de Luxembourg - Commission diocésaine de l'Octave.
Tous droits réservés.