Onvirstellbar Begéinung, déi alles verännert

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Milly Hellers (5. Mee 2021)

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes (20,11-18)

Maria stand draußen vor dem Grab und weinte.

Während sie weinte, beugte sie sich in die Grabkammer hinein. Da sah sie zwei Engel in weißen Gewändern sitzen, den einen dort, wo der Kopf, den anderen dort, wo die Füße des Leichnams Jesu gelegen hatten.

Diese sagten zu ihr: Frau, warum weinst du? Sie antwortete ihnen: Sie haben meinen Herrn weggenommen und ich weiß nicht, wohin sie ihn gelegt haben.

Als sie das gesagt hatte, wandte sie sich um und sah Jesus dastehen, wusste aber nicht, dass es Jesus war. Jesus sagte zu ihr: Frau, warum weinst du? Wen suchst du?

Sie meinte, es sei der Gärtner, und sagte zu ihm: Herr, wenn du ihn weggebracht hast, sag mir, wohin du ihn gelegt hast! Dann will ich ihn holen. Jesus sagte zu ihr: Maria!

Da wandte sie sich um und sagte auf Hebräisch zu ihm: Rabbuni!, das heißt: Meister.

Jesus sagte zu ihr: Halte mich nicht fest; denn ich bin noch nicht zum Vater hinaufgegangen. Geh aber zu meinen Brüdern und sag ihnen: Ich gehe hinauf zu meinem Vater und eurem Vater, zu meinem Gott und eurem Gott.

Maria von Magdala kam zu den Jüngern und verkündete ihnen: Ich habe den Herrn gesehen. Und sie berichtete, was er ihr gesagt hatte.


Léiwen Här Äerzbeschof / Weibëschof, léif Kolleegen a Kolleeginnen,
léif Leit alleguer, hei an der Kathedral an déi dir doheem iwwert de Fernsee oder Internet mat äis verbonne sidd,

D’Thema vun haut ass „Onvirstellbar Begéinung, déi alles verännert“.

Vill vun eis hu bestëmmt schon di schmäerzvoll Erfarung gemaach, dass ee léiwe Mënsch gestuerwen ass – an der Famill, am Frëndeskrees. Am Trauerprozess erënnere mir eis dann oft un di schéin – awer och munchmol un di schwéier Momenter. „A wat d’Léift mi grouss, wat den Abschid mi schwéier.“ (Dietrich Bonhoeffer).

Am Bibeltext vun haut begéine mir der Maria-Magdalena, eng vun den éischte Jüngerinne vum Jesus. Och si huet esou ee schrecklechen Trauerprozess erlieft. Nom Jesus sengem Doud, fréi moies, esou bal et d’Gesetzer erlaabt hunn, ass si bei dem Jesus säi Graf gaangen.

Ier ech elo de Bibeltext méi genau betruechten, erlaben ech mir eng kleng Klammer opzemaache betreffend d’Maria-Magdalena. An der jonker Kierch vun den éischte Joerhonnerte gouf hire Personnage – an dat ass deelweis nach wouer bis haut – an 2 Richtunge kommentéiert.

  • Maria-Magdalena, eng betuchte Madamm, gebierteg vu Madgala, der Géigend vum Séi Genesareth. Si huet de Jesus a seng Jünger op senge Reese begleet an hien dobäi finanziell ënnerstëtzt.
  • Di aner Versioun: Maria-Magdalena, eng Sënnerin, vu béise Geeschter besiess a gefaangen. De Jesus huet se geheelt an duerfir huet si sech senger Jüngerschaft ugeschloss.

An der deemoleger, éischter männerdominéierter Kultur vu Relioun a Gesellschaft huet sech virun allem di 2. Versioun duerchgesat. Dat ass och sécher eng vun den Ursaachen, firwat dëst Evangelium vun enger Fra, déi den Augustinus „Apostelin der Apostel“ genannt huet, bis haut, am liturgesche Kalenner offiziell net sonndes gelies a kommentéiert awer um Ouschterdënschdeg ze héieren ass. Zu all deem géif et elo ganz vill ze soen – mee dofir ass hei weder d’Plaz nach de Moment.

Wéi gesot, d’Maria Magdalena huet zu engem Reseau vu Frae gehéiert, déi de Jesus begleet an ënnerstëtzt hunn.

Am Lukasevangelium am Kapitel 8, Vers 1 heescht et: „Die Zwölf begleiteten Jesus, außerdem einige Frauen, die er von bösen Geistern und Krankheiten geheilt hatte: Maria-Magdalena […] und viele andere. Sie alle unterstützten Jesus mit dem, was sie besaßen.“

An der jonker Chrëschtegemeinschaft waren d’Maria-Magdalena an de Péitrus d’Féierungspersonnagen. Alle béid stoungen dem Jesus no. Dee gemeinsame Wee mat him huet hiert Liewen nei orientéiert. Si ware frou mat him ëmsou méi grouss de Schmäerz, hien um Kräiz ze gesi leiden – a stierwen.

D’Maria Magdalena huet sech fréi moies op de Wee gemaach bei dem Jesus säi Graf. Wéi si dat oppent Graf gesinn huet, ass si bei de Péitrus an de Johannes gelaf. Duerno sinn di 2 Männer bei d’Graf gerannt. Di zwee hunn ee „Constat des lieux“ gemaach, jiddereen op seng Manéier, a sinn nees heem gaangen. Elo ass d’Maria-Magdalena nees eleng. Si kräischt.

Awer wat huet si beim Graf gesicht? Erënnerungen? Gemeinsam Erliefnesser? Dem Jesus säi verstuerwene Kierper? Einfach nëmme kënne sech emotional bei him fale loossen… a kënne kräischen?

Och si hat dach bestëmmt héieren, wéi de Jesus senge Jünger säi Leidenswee – säin Doud – awer och seng Operstéiung ugekënnegt huet. Awer d’Maria-Magdalena – wéi d’Jünger – an och mir haut – huet sech schwéier dermat gedoen – dat ze gleewen. De Schmäerz war ze grouss.

Da sëtzen do zwee Engele beim Graf. Deenen hir Presenz – grad wéi hir Fro „firwat kräischs Du?“ schéngt si net ze erstaunen. Si ass an hirem Film. Si dréint sech ëm – an da steet do nach een anere Mann. Mir wëssen haut, wien dat war. Si awer huet hien net erkannt. Och dee freet si: „Firwat kräischs Du? Wie sichs Du?“

Léif Leit, firwat stellt de Jesus hir dës Fro? Wousst hien dann net, firwat si géing kräischen? Ech woen ze soen: DACH, hie wousst dat! Mee de Jesus war ee Pedagog! Hien hat verstanen – dee Schmäerz muss eraus.

Ier ee kann offe si fir nei Weeër, muss deen ofgeschloss, lassgeloss ginn. De Jesus huet der Maria erlaabt, hir Trauer auszedrécken.

Mee eréischt wéi hie si mam Numm geruff huet, konnt si hien erkennen. Maria… Wéi oft muss hie si esou geruff hunn… den Toun, de Bléck… Op eemol war alles anescht. Si huet begraff, wien do virun hir stoung.

Wat eng emotional Achterban. De Jesus war dout, si huet hien um Kräiz gesinn hänken a stierwen. Hie gouf begruewen – no Nuechte voller Ängschten an ouni Schlof kënnt si fréi moies bei d’Graf, huet do all d’Tréinen aus hirem ausgekrasch – an elo steet hire Frënd a Meeschter, op eemol lieweg virun hir. Bestëmmt wollt si hien upaken, festhalen. „Hal mech net fest – mee géi… a so menge Bridder.“

„Hal mech net fest…“ Vergaangenheet muss si lassloossen. De Jesus bleift fir ëmmer an hirem Liewen – awer anescht wéi virdrun. „Géi a so menge Bridder…“ D’Apostelen, di aarm Däiwelen, déi hien eleng gelooss, anerer, déi hie verroden haten – hien nennt si, an domat och eis all, „Bridder“ a Schwësteren.

Maria-Magdalena – Apostelin der Apostel – eng Fra. Si als den éischten Zeie vum Jesus senger Operstéiung, mécht wat hie seet: Géi a so menge Bridder – obschonn déi jo, jee no Evangelium, just de Kapp gerëselt hunn… Trotzdeem huet si et gemaach – awer wéi de Jesus duerno selwer senge Bridder, déi sech aus Angscht agepaart haten, erschéngen ass, konnten och si de Mond net mi halen. Och hiert Liewen huet di Begéinung komplett op d’Kopp gehäit. Hätte si dëse Message, deen deemools – grad ewéi haut – onméiglech geklongen huet, net weiderginn, net an der Welt verkënnegt, da wéisste mir haut näischt vum Jesus. Do musse mir eis d’Froe stelle (loossen): Wat géif dat a mengem Liewen änneren? Liewen ouni Glawen un de Jesus – Liewen ouni dës Perspektiv?

Léif Leit, wann de Jesus fir eis wichteg ass, dann ass et haut un eis – dës Botschaft weider ze ginn. Géi a so menge Bridder a Schwësteren… sot hien deemools – a seet hien och eis haut. Mee wat kënne mir maachen – fir dass och di nächst Generatioun de Jesus kenneléiert a mat Him Glawen an Hoffnung erliewen? Dat alles mécht keen eleng. Dofir brauch et Gemeinschaft, Struktur, missionareschen Äifer, Beruffungen. Wat erwaart deen Operstanenen haut vu mir perséinlech? Wat kann dozou eisen, awer och mäi perséinleche Bäitrag sinn?

An engem Moment vu Stëllt wëlle mir nodenken – an HIE froen – Jesus – wéi kann ech, wéi wëlls Du, dass ech Däi Wuert weiderginn?

Stëllt

Alleng kënne mir dat net. Helleg Maria, Gottesmamm, Tréischterin am Leed – biet fir eis – dass mir de gemeinsam Wee fannen. Amen.

     

     

     

           

© Archevêché de Luxembourg - Commission diocésaine de l'Octave.
Tous droits réservés.