Wéi d‘Oktav entstanen ass...

Am Kader vum Projet „CULTURE RELIGION TRADITION“ luede mir Iech häerzlech an

op eng guidéiert Visitt mam Thema

Wéi d‘Oktav entstanen ass...

Ënnert der fachkënneger Leedung vun engem Team vu Guides animateurs gi kultur- a reliéis-historesch relevant Plaze besicht, déi mat der spannender Entstehungsgeschicht ronderëm d‘Oktav am 17. Joerhonnert a Verbindung stinn.

 

Ufroën fir eng Réservatioun:
Simone Lorang, Tel: 621 501 635, Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

Präis: 5 €, Kanner si gratis

Dobäi gëtt ee vill iwwert di deemoleg Zäit gewuer a vun „Zäitzeien“ ( an historesche Kostümer) an d‘Liewensrealitéite vum deemolege Lëtzebuerg agefouert.

Heibäi kann en neie Bléck op al Spuere geworf ginn: d‘Entstoe vun der Oktav, d‘Liewensëmstänn vun der Bevëlkerung um Land an an der deemoleger Festung Lëtzebuerg, d‘Bedeitung vun der Marieveréierung a Stad a Land an d‘Weiderentwécklung vum Brauch.

Org.: Projet CULTURE RELIGION TRADITION
Schoulreferat Äerzbistum Lëtzebuerg

  pdf Wéi d'Oktav entstanen ass - Flyer.pdf (7.53 MB)

     

     

     

           

© Archevêché de Luxembourg - Commission diocésaine de l'Octave.
Tous droits réservés.